News vum Haff
D'Babsie probéiert iech ëmmer um Lafenden ze halen
1. Juni 2020
De MilKuhMat feiert säi 7. Gebuertsdag
Haut ass Welt-Mëllechdag🥛
An och schon de 7. Gebuertsdag vun eiser Mëllechtankstell, dem MilKuhMat, der éischter Mëllechtankstell hei am Land🐮
Eis Mëllechtankstell ass direkt un eise Mëllechtank ugeschloss an dir kënnt hei 24/24h frësch Biomëllech zapen.
An dorop proste mir mat engem gudde Glas Mëllech🥛🥛PROST!
18. September 2019
Mam Bio-Bauer duerch d'Joer
Ab dëm Hierscht 2019 bidde mir reegelméisseg samsdes en Nomëtteg un, wou ärt Kand d'Liewen op an ronderëm eisen Haff entdecken an erliewen däerf.
Et ginn zwou Gruppen:
- d'Haffzwergen (2-4 Joer)
- d'Haffkiddies (5-8 Joer)
Weider Informatiounen fannt dir op eiser Säit ënnert dem Link Kanner erliewen eisen Biohaff
Mir freeën eis mat iech op e spannend Joer.
15. Juni 2019
Kuebe loossen sech eis Bio-Mäiskäre gutt schmaachen
Dëst Joer hate mir erëm geplangt Mais unzeplanzen, fir eis Fudderreserven opzestocken.
Leider hunn d'Kueben eis awer op engem Feld vu 4 ha all eenzele Maiskär erausgepickt. Geschéckt hunn si un all klenge Keimling gezu fir sou un de Kär ze kommen. Iwwreg war fir eis nëmmen nach e gelächert Feld an e gutt bezuelten Iessen fir d'Kueben, déi sech och net vu Vulleschäichen a Co stéiere gelooss hunn. Mat Momenter souzen eng 200 Kueben um Feld sech sat z'iessen.
D'Bio-Maiskäre schmaachen de Kueben besonnesch gutt, well déi NET mat enger gëfteger Substanz gebeetzt sinn.
Fir de Fudderausfall fir eisen Haff ze kompenséieren, hu mir elo nach séier eng Mëschung Gras-Huewer-Kléi-Wann geséit. Allerdéngs wäert déi Mëschung eis net déi Quantitéit u Fudder bréngen, wéi de Mais et gemaach hätt.
Och elo ginn d'Kueben nach ëmmer d'Keimlinge vum Gras/Kléi/Huewer aus dem Buedem zéien, an der Hoffnung, dass awer nach e Maiskär ze fannen ass.
3. Juni 2019
Méimaschinnen op 4 Been
Eis Kéi an eise Stéier ersetzen de Moment eise Méitrakter, deen en Panne ass, ronderëm d'Haus.
Sou dierfen si um Wee vun hirer Weed zréck an de Stall nach eng Snackpaus op eiser Wiss maachen.
Ganz praktesch, an d'Wiss gëtt och nach direkt op natierlech Aart a Weis gedüngt :-)