Thema Hénger
Wat frësst en Hong? Wéi verbréngen Hénger hiren Dag? Wéi kënnt d'Jippelchen an d'Ee? Firwat kréit den Hunn? Firwat schären a picken d'Hénger sou vill um Buedem?
Eis Hénger kenneléieren
D'Kanner léieren eis Hénger kennen a léieren an engems eppes iwwert den aartgerechten Ëmgang mat den Hénger; si entdecken, datt d'Hénger, wann ee sech roueg verhält, virwëtzegt Déiere sinn. D'Kanner kënnen d'Hénger fidderen, observéieren a mat Chance och heemelen.
D'Kanner gi mat an de Stall eran a kucken op Eeër an den Näschter leien. Oder huet vläit een Hong säin ee an d'Brennnessele geluecht?
D'Hénger kréien frëscht Fudder a frëscht Waasser a kréien puer extra Leckerlien? Wien traut sech dann, dass d'Hénger him aus der Hand picken?
Mir kucken zesummen a Form vun engem Spill wat d'Hénger alles iessen a kucken och wéi aus dem Ee e Jippelche gëtt.
Je no de Bausténg vun der Visit um Haff gëtt duerno mat den Eeër gekacht (Pudding, Omlette, Pankécher,...)
Eis Iesele kenneléieren
D'Kanner droen den Ieselen Hee fir ze friessen an entdecke wat den Iesel brauch fir zefridden ze sinn. Nodems d'Hee an de Bäll an an der Raf verdeelt ass, mëschten d'Kanner den Ieselen nach hire Stall an den Auslaf. D'Mëscht bréngen d'Kanner nees zeréck op den Haff a kippen se op de grousse Mëschtkoup.
Wat ass Mëscht? Firwat brauch de Bauer Mëscht? Firwat kackt den Iesel anescht wéi eng Kou?...