Ferme pédagogique MUHlti-KUHlti
Allgemeng Informatiounen
Wëllkomm op eisem pädagogeschem Bio-Bauerenhaff
Firwat den Numm MUHlti-KUhlti?
Ganz einfach well eis Kéi, grad sou ënnerschiddlech sinn am Ausgesinn a vum Charakter wéi mir Mënschen och. Jidereen huet seng Stärkten, ass op seng Art ganz besonnesch an däerf bäi eis um Haff selch selwer sinn.
Mir bidden Aktivitéiten fir kleng a grouss Kanner un (2-12 Joer), fir Jugendlecher an och fir Erwuessener (Altersheimer).
Fir de Moment kënne Schoulklassen, Maisons Relais, Crèchen, Altersheimer oder Veräiner bei eis op den Haff kommen.
Schoulklassen hunn d'Méiglechkeet mëttwochs bei eis op den Haff ze kommen a live bei den Aarbechten derbäi ze sinn.
Crèchen a Maison Relais kënne mir während de Schoulvakanzen bei eis um Haff begréissen, eventuel och mol op schulfräie Nomëtteger je no Disponibilität vun eisen Haffwiichtelecher.
Eis ass et wichteg, datt d'Kanner an och déi Grouss, sech erëm bewosst ginn, wou eis Liewensmëttel hierkommen an datt se Zougang zur Natur; zu den Déieren an zum Beruf Bauer kréien.
Bei eis kënnt dir dat mat allen Sënner erfahren a mir freeën eis, Iech op eisem Haff begréissen ze kënnen.
Weider Informatiounen zu den Aktivitéiten fannt dir ënnert folgenden Linken:
- Projet Schoulklassen: verschidden Themen
- Kanner erliewen den Haff: E Joer mam Bauer Pier um Haff
Mir freeën eis op Äre Besuch!
Biohaff-Witry
Inhalte von Google Maps werden aufgrund deiner aktuellen Cookie-Einstellungen nicht angezeigt. Klicke auf “Zustimmen & anzeigen”, um zuzustimmen, dass die erforderlichen Daten an Google Maps weitergeleitet werden, und den Inhalt anzusehen. Mehr dazu erfährst du in unserer Datenschutz. Du kannst deine Zustimmung jederzeit widerrufen. Gehe dazu einfach in deine eigenen Cookie-Einstellungen.
Kontakt
[email protected]
Tel: +352 621 236 007
Adresse
Biohaff-Witry
an der Saueraarbecht 1
4974 Dippach
Ëffnungszäiten
Bio Self-Service 24/24h
Ferme pédagogique op RDV