Ferme pédagogique Biohaff Witry Dippach Luxembourg produits laitiers bio lait cru organic raw milk

Kanner erliewen den Haff

Dir wëllt mat äre Kanner de Bauerenhaff entdecken? Eis Déiere kenneléieren? D'Aarbecht um Haff mat erliewen? Nei Saache léieren, spillen, Geschichten nolauschteren, bastelen, kachen, baken,...

Aktuell ausgebucht fir d'Saison 2020/2021

Dir sidd eng Maison Relais oder eng Crèche?

Fir kleng Butzen bis Teenager hu mir déi passend Programmer hei um Haff.
Gäre stelle mir mat iech zesummen e Programm op, deen op äre Grupp, är Erwaardungen an är Zäit ofgestëmmt ass.
Huelt ganz iwwert de Formular hei drënner Kontakt mat eis op a mir kucken zesummen wat bäi äre Grupp passt.

Dir sicht privat no enger Aktivitéit um Haff?

Mir organiséieren reegelméisseg Nomëtteger wou d’Kanner während e puer Stonnen d'Liewen vun Déier a Mënsch op eisem Haff erliewen a kenneléieren. Dës Aktivitéite si saisonal verschidden an ugepasst un d’Joereszäiten oder och emol un e kulturelt Fest.

 

Et ginn zwou Gruppen, d'Haffzwergen fir Kanner vun 2-4 Joer, an d'Haffkiddies fir d'Kanner vun 5-8 Joer.

Haffzwergen an Haffkiddies

Ferme pédagogique Biohaff Witry Dippach Luxembourg produits laitiers bio lait cru organic raw milk

Haffzwergen (2-4 Joer) AUSGEBUCHT

Zesummen entdecke mir eisen Haff mat sengen Déieren (Kéi, Ieselen, Hénger), léieren dem Bauer seng Aarbechte kennen an hunn zesumme Spaass. 

All Besuch steet ënnert engem aneren Thema. Een Elterendeel oder Bomi/Bopi ka mam Kand op den Haff kommen (nëmme mat bestätegter Umeldung).

Mol gëtt och nach eppes gebastelt, eng Geschicht gelies, eppes fir z’Iesse gemaach oder e  Schatz gesicht…

Ferme pédagogique Biohaff Witry Dippach Luxembourg produits laitiers bio lait cru organic raw milk

Haffkiddies (5-8 Joer) AUSGEBUCHT

Zesummen entdecke mir eisen Biohaff mat all sengen Déieren, léieren dem Bauer säin Alldag kennen a pake selwer eng Hand mat un. 

All Besuch steet ënnert engem aneren Thema. D'Kanner bleiwen alléng um Haff.

D’Aktivitéiten sinn ëmmer der Joreszäit ugepasst. Et gëtt och mol eppes gekacht/gebak, gebastelt, gelauschtert,… 
D’Liewen um Haff gëtt mat alle Sënner entdeckt.

Biohaff-Witry

Inhalte von Google Maps werden aufgrund deiner aktuellen Cookie-Einstellungen nicht angezeigt. Klicke auf “Zustimmen & anzeigen”, um zuzustimmen, dass die erforderlichen Daten an Google Maps weitergeleitet werden, und den Inhalt anzusehen. Mehr dazu erfährst du in unserer Datenschutz. Du kannst deine Zustimmung jederzeit widerrufen. Gehe dazu einfach in deine eigenen Cookie-Einstellungen.

Zustimmen & anzeigen

Kontakt

[email protected]
Tel: +352 621 236 007

Adresse

Biohaff-Witry

an der Saueraarbecht 1

4974 Dippach

Ëffnungszäiten

Bio Self-Service 24/24h
Ferme pédagogique op RDV

Luxemburg

Ich habe die Datenschutzerklärung zur Kenntnis genommen und erkläre mich damit einverstanden.