Eise Betrib
Zanter 2006 hu mir eisen Betrib op Bio ëmgestallt an schaffen zanterhier no den Bio-Normen, wéi se vu Bio-Lëtzebuerg och virgesi sinn.
Eise Betrib ass en Aussiedlerhaff, deen a Direktioun Dippech-Holzem läit.
Den Haff läit an enger ganz roueger Géigend, ëmgi vu Weeden, Felder a Bësch.
Eisen Haff stellt sech vir
Mir iwwert eis
Mir sinn e klénge Familiebetrib a féieren eisen Biohaff am Aklang mat der Natur. Mir dat sinn: de Pierre, d'Caroline an d'Pippa...
Eis Kéi
Op eisem Haff hu mir virun allem Flechvéih Kéi an e Fleckvéi Stéier.
An eisem Trupp liewen eng ronn 45 Mëllechkéi, 30 Ranner, 15 Kaalwer an ee Stéier...
Eis Felder = eist Fudder
Op eise Felder stinn virun allem Wees, Huewer, Ierbessen a Bounen, déi haaptsächlech als Fudder fir eis Kéi verschafft ginn...
Eis Hénger an Ieselen
Niewt eise Kéi liewen och nach eng Réi Hénger mat hire stolzen Hunnen um Haff.
Zwee Ieselen, d'Nahla an de Mo, wunnen och op eisem Haff...
Verkaf um Haff
An eisem Bio Self-Service kënnt dir 24/24 Stonnen a 7/7 Deeg frësch Mëllech iwwert eis Mëllechtankstell, de MilKUHmat, kafen. An an eisem Frigo fannt dir d'Mëllechproduiten aus der BiOG-Molkerei, wou och eis Mëllech verschafft gëtt, Bio-Geessekéis-Sorte vum Baltes-Haff an Bio-Eeër vum Naturhaff...
Ferme pédagogique
Mir bidden Aktivitéiten fir kleng a grouss Kanner un (2-12 Joer) an och fir Erwuessener (Altersheimer).
Eis ass et wichteg, datt d'Kanner an och déi Grouss, sech erëm bewosst ginn, wou eis Liewensmëttel hierkommen an datt se Zougang zur Natur, zu den Déieren an zum Beruf Bauer kréien.
Bei eis kënnt dir dat mat allen Sënner erfahren a mir freeën eis, ech op eisem Haff begréissen ze kënnen.
Biohaff-Witry
Inhalte von Google Maps werden aufgrund deiner aktuellen Cookie-Einstellungen nicht angezeigt. Klicke auf “Zustimmen & anzeigen”, um zuzustimmen, dass die erforderlichen Daten an Google Maps weitergeleitet werden, und den Inhalt anzusehen. Mehr dazu erfährst du in unserer Datenschutz. Du kannst deine Zustimmung jederzeit widerrufen. Gehe dazu einfach in deine eigenen Cookie-Einstellungen.
Kontakt
[email protected]
Tel: +352 621 236 007
Adresse
Biohaff-Witry
an der Saueraarbecht 1
4974 Dippach
Ëffnungszäiten
Bio Self-Service 24/24h
Ferme pédagogique op RDV