Thema Kären
Wat ass Gemiels? Wéi gëtt Müsli oder Miel gemaach? Wat ass Kar, Spelz, Weess oder Huewer? Wéi wuesen déi Planzen? Firwat brauch de Bauer déi Planzen?...
Méiglechen oflaf vun der Visite
D'Kanner entdecken op spannend Art a Weis de Wee vum Kar zum Miel, Brout oder Müsli.
Si léieren eis Kaalwer, Ranner a Kéi kennen a léieren an engems eppes iwwert den aartgerechten Ëmgang mat de Kéi; si entdecken, datt d'Kou e virwëtzegt Déier ass a seng eege Kierpersprooch huet. D'Kanner kënnen d'Kéi heemelen, fidderen an observéieren.
Nodeems d'Kanner eis Déiere kenne geléiert hun, kucke si méi genau wat d'Kéi dann do vu Gemiels z'iesse kréien. Wat ass do alles dran?
Si ginn op d'Sich no de ganze Kären a bestëmmen dann wat fir eng Kären et sinn. Mir kucken d'Ënnerscheeder vun de Planzen. Wéi ënnerscheeden ech e Weessfeld, vun engem Huewer- oder Karfeld?
Duerno steet dann selwer Kären manipuléieren um Programm: Käre selwer zu Miel muelen fir Brout ze maachen oder quetschen fir e gudde gesonde Müsli ze maachen.
Mir garantéieren e gudde Mix vu Wëssen, Manipuléieren an Experimentéieren, Spillen an Auszäit. D'Kanner sollen hire Besuch bei eis mat alle Sënner erliewen a genéissen: kucken, taaschten, richen, schmaachen.
Den Oflaf vun de Visiten ass natiirlech dem Alter vun de Kanner/Jugendlechen ugepasst. Sou ass et eis wichteg, dass virun allem C1 an C2 den Haff op eng spilleresch Art a Weis entdecke kënnen, ab dem C3 sinn d'Visiten da méi komplex opgebaut a mir kucken eis déi Eenzel Sujete méi am Detail un.
"Fro de Bauer Pierre" ass och e wichtegt Element während der ganzer Visite. D'Kanner/déi Jugendlech kënnen zu all Moment hir Froe stellen, a sou mat zu engem gelongenen Oflaf bäidroen.
Fir weider Informatiounen oder eng Offer ze kréien kënnt dir eng Ufro iwwert de Kontaktformular une eis schécken.