Mir stellen eis vir
Ech sinn de Pierre Witry.
Ech hu meng Studien an der Ackerbauschoul zu Ettelbréck gemaach.
2000 ass eisen Haff aus dem Zentrum vun Dippech op déi aktuell Plaz an der "Sauer Aarbecht" ausgesiedelt ginn. Vun deem Zäitpunkt hun ech och den Haff iwwerholl.
2004 hun ech ugefaang mäi Betrib op Bio ëmzestellen, e wichtege Schratt, wëll fir mech meng Kéi an hiert Wuelsinn op éischter Plaz stinn. Net manner wichteg war an ass fir mech awer och de Naturschutz an de Wonsch, am Aklang mat der Natur ze schaffen. 2006 war d'Ëmstellungs-Phase ofgeschloss.
Ech sinn d'Caroline Massard.
Ech si Léierin vu Beruff. Zënter 2012 hëllefen ech aktiv a menger Fräizäit um Haff mat.
Mir ass ët wichteg, dass d'Déieren bei eis um Haff respektéiert ginn an e gudd Liewen hunn. D'Aarbecht um Haff, op de Felder a virun allem d'Aarbecht mat eise Kéi ass fir mech zu enger wäertvoller Aufgab ginn.
Als Pedagogin weess ech, wéi wichteg et ass, Grouss a Kleng den Zougank zu engem Bauerenhaff an zum Beruf "Bauer" z'erméiglechen an ze weisen, wou e gudden Deel vun eise Liewensmëttel hierkënnt. Aus där Idee hunn ech dunn 2014 mat der Ferme pédagogique MUHlti-KUHlti ugefaang.
Ech sinn d'Pippa. Ech wunnen zanter dem Summer 2017 mat hei um Haff. Mäi gréissten Hobby ass mam Ball oder mam Frisbee spillen.
Während menge Schaffzäiten, ginn ech awer mat an d'Wisen d'Kéi sichen. Dat ass e Spaass Chef vun de Kéi ze sinn. Och am Melkstand hëllefen ech mengem Meeschter fir d'Kéi ranzehuelen.
Beim Fidderen vun de Källefecher passen ech extra gutt op, well do fällt da mol heinsdo eng Schlupp Mëllech fir mech of.
Ech begréissen och ganz gaeren d'Kanner déi bei eis op den Haff kommen an och d'Clienten, déi Mëllech kafe kommen.