Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio

Eis Kéi

Op eisem Haff hu mir virun allem  Flechvéih Kéi an e Fleckvéi Stéier.

An eisem Trupp liewen eng ronn 45 Mëllechkéi, 30 Ranner, 15 Kaalwer an ee Stéier.

Eis Mëllechkéi

Eis Mëllechkéi ginn zweemol am Dag gestrach. Am Duurchschnëtt gëtt eng Kou 25 Liter Mëllech den Dag.

Si verbrëngen d'Fréijoer an de Summer op de Weeden ronderëm eisen Haff. Wann d'Wiederkonditiounen et erlaben kënne si och nach am Hierscht daagsiwwer op d'Weed goen. 
Am Wanter sinn sie dann haaptsächlich am Stall, engem Lafstall. Si kënne sech also fräi am Stall beweegen, iessen a schlofen ganz no hierem Rythmus.
Ass de Buedem am Wanter mol genuch gefruer a vläit och nach Schnéi op der Weed, dann dierfe si och dann op d'Weed goen.

Eis Kéi iessen ausschliesslech Fudder vun eisem Haff, vum Hee iwwert de Silo bis op d'Gemiels ass alles aus eegenem biologeschem Ubau. D'Gemiels ass hiert Kraaftfudder, wat aus gemuelenen Kären (Huewer, Kar a Weess), Bounen an Ierbessen zesummegesat ass.

Sie freeën sech awer och reegelméisseg iwwert Leckerlien: Muerten, Äppel a Biiren.

Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio
Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio
Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio
Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio
Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio
Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio
Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio

Eis Ranner

Eis Ranner liewen vum Fréijoer, iwwert de Summer bis an den Heischt eran op der Weed. Reegelméisseg wiesele si d'Weed, sou dass si ëmmer iwwert genuch frëscht Gras verfügen.

Ass mol en Enkpass am Gras, bedéngt durch en ze vill drëschene Summer, fiddere mir hinnen Hee oder Silo bei.

Si kréien och reegelméisseg Kraaftfudder (Mix aus Kären, Ierbesen a Bounen) vun eis op d'Weed bruecht.

Sinn eis Ranner al genuch (ongeféier mat 2 Joër), kënnt eise Stéier bei si mat op d'Weed, fir fir den Nowues ze suergen. 

Am spéiten Hierscht kommen eis Ranner da ran an de Stall, wou si de Wanter verbrëngen. Am Stall kënne si sech frei bewegen an hunn och Zougang no baussen an hiren Auslaf, wou hinnen zousätzlech Liegeboxen zu Verfügung stinn.

Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio
Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio
Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio
Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio
Biohaff Witry Mëllechtankstell lait cru bio luexembourg organic raw milk BiOG-Molkerei produits laitiers bio

Eis Kaalwer

Eis Kaalwer liewen déi éischt 2-3 Wochen an engem Iglu. Sou gesi mir op si sech gudd entwëcklen an et vereinfacht eis och d'Fiddere mat der Mëllech. D'Källefcher kréien déi éischt Deeg ausschließlech d'Mëllech vun hirer Mamm, déi mir separat sträichen.

Duerno kommen d'Källefcher an de Kaalwerstall an hir "Spillgrupp". Hire Lafstall ass mat Stréi agestreet a si hunn och Zougang zu engem klengen Auslaf.

Bis zum Alter vun ongeféier 4 Méint kréien si 2x den Dag nach Mëllech, hinnen steet awer och permanent Hee zu Verfügung a kréien zousätzlech moies an owes Kraaftfudder (Mix aus Kären, Ierbesen a Bounen).

Mat ongeféier 6-8 Méint komme si dann vum Kaalwerstall an de grousse Stall. Hei hu si en ofgetrennten Deel vum Stall, wou si sech weiderhi fräi bewege kënnen. Duerno wiesele si an de Grupp vun de Ranner.