Thema 4 Joreszäiten
Wat ännert fir d'Kéi am Fréijoer? Hu si de Summer gär? Ass et hinnen am Wanter net ze kal? Wat schafft de Bauer am Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter? Firwat muss de Bauer d'Wieder beobachten?...
Méiglechen Oflaf fir d'Visiten
De Bauerenhaff an de 4 Joreszäiten entdecken.
D'Kanner kommen eemol pro Joreszäit op de Bauerenhaff.
Fir Schoulklassen kann dat Thema sech entweder iwwert e ganze Cycle oder ee Schouljoer zéien.
Wat ännert sech an de Joreszäiten an der Natur? Wat ass typesch fir eng Joreszäit? Wat bedéit dat fir de Bauer, fir seng Déieren?
Zu all Joreszäit bidde mir passend Aktivitéiten un (Botter maachen, de Kéi hier "Better" am Stall gemiddlech maachen, Müsli maachen, d'Kéi op d'Weed begleeden, Frëschkéis mat eegene Kräider,...)
D'Wieder an d'Aarbechten um Haff bestëmmen den Oflaf vun der Visit natiirlech mat, sou dass mir och mol ganz spontan de Programm op den Dag upassen (Gebuert vun engem Kallef, Aarbechten um Feld, ...)
Mir garantéieren e gudde Mix vu Wëssen, Manipuléieren an Experimentéieren, Spillen an Auszäit. D'Kanner sollen hire Besuch bei eis mat alle Sënner erliewen a genéissen: kucken, taaschten, richen, schmaachen.
Den Oflaf vun de Visiten ass natiirlech dem Alter vun de Kanner/Jugendlechen ugepasst. Sou ass et eis wichteg, dass virun allem C1 an C2 den Haff op eng spilleresch Art a Weis entdecke kënnen, ab dem C3 sinn d'Visiten da méi komplex opgebaut a mir kucken eis déi Eenzel Sujete méi am Detail un.
"Fro de Bauer Pierre" ass och e wichtegt Element während all de Visiten. D'Kanner/déi Jugendlech kënnen zu all Moment hir Froe stellen, a sou mat zu engem gelongenen Oflaf bäidroen.
Fir weider Informatiounen oder eng Offer ze kréien kënnt dir eng Ufro iwwert de Kontaktformular une eis schécken.