Eis Hénger
Eis Hénger si grad wéi eis Kéi "mUHlti-kUHlti", eng konterbont gemëschten Trupp, ënnerschiddlech Charakteren, ënnerschiddlecht Ausgesinn...
Eis Hénger
Säit dem Summer 2019, liewen och puer Hénger bäi eis um Haff:
- Seidenhénger: d'Blanca an de Coco, d'Aura, d'Goldi, d'Bördi
- ee Strupp-Hong: d'Struppi
- een Zwerg-Welsumer: d'Tatta Sidonie
- an e ganzen Trupp Mitschmatsch-Hénger: d'Bella, d'Ballerina, d'Madame Hauwi, d'Jackel
- an nach vill Nowues vum Blanca, Bella a Jackel: Griso, Tschipptschipp, Bruno, Black Bird, Brownie, Blondie, Struwweli, Lausbouw, Gockel, Zirbel,
Déi ganz Band freet sech iwwert de Besuch vun de Gruppen, a besonnesch iwwert déi extra Portioun Mielwiirm, déi et da ginn.
Si liewe gutt geschützt virun hire Feinden, a kënnen de ganzen Dag picken, schären, raschten, bueden, schaukelen,...
D'Hénger sinn natierlech och mat op der Ferme pédagogique, d'Kanner kënnen hinnen nokucken, se fidderen, probéieren hinnen aus der Hand z'Iessen ze ginn, d'Eeër asammelen, de Stall mëschten an entdecke wéi sou Hénger liewen a wéi aus dem Ee e Jippelche gëtt. Besonnesch bäi den Hénger léieren d'Kanner Gedold hunn, wa se gäeren hätten, dass d'Hénger hinnen aus der Hand picke kommen, sech op hire Schouss sëtzen, sech upake loossen,...