Projet Schoulklassen
"Wir sind eine Schule, die keine Schule ist, wie man sie kennt!
Das Schulgebäude ist die freie Natur, das Klassenzimmer der Acker, die Wiese, der Wald und das Stallgebäude.
Unsere Lehrer/-innen sind die Pflanzen, die Tiere und die Menschen, die auf dem Bauernhof leben."
(Schule am Bauernhof; Ländliches Fortbildungsinstitut OÖ)
Aktuell ausgebucht fir d'Schouljoer 2020/2021
Schoulklassen hunn d'Méiglechkeet mëttwochs bei eis op den Haff ze kommen a live bei den Aarbechten um Haff derbäi ze sinn.
Eis ass et wichteg, datt d'Kanner sech bewosst ginn, wou eis Liewensmëttel hierkommen an datt se Zougang zur Natur; zu den Déieren an zum Beruf Bauer kréien.
Bei eis kënnt dir dat mat allen Sënner erfahren a mir freeën eis, Iech op eisem Haff begréissen ze kënnen.
De selwechte Programm ass och während de Schoulvakanzen a schoulfräien Nomëtteger fir Maison Relais a Foyer scolaire méiglech.
Wat bidde mir un?
Fir Schoulklassen hu mir verschidden Themaen, déi als Bausténg zesummegesat kënne ginn, ofhängeg vun der Zäit, déi dir mat op den Haff bréngt, an op dir eng oder puer Visiten an engem Schouljoer plangt.
Eis Themen
Thema Mëllech
D'Kanner entdecken op spannend Art a Weis de Wee vun der Mëllech a gi mat Sträichen a verschaffen herno d'Mëllech weider zu Kéis, Pudding oder Botter...
Thema Kären
D'Kanner entdecken mat alle Sënner de Wee vum Kar zum Miel, Brout oder Müsli...
Thema 4 Joreszäiten
D'Kanner kommen zu all Joreszäit eng Kéier op den Haff an erliewen d'Ënnerscheeder vun de Joreszäiten an d'Liewen um Haff...
Méiglech Erweiderungen
Thema Hénger
D'Kanner gi mat an den Héngerstall a kucken op eis Hénger Eeër geluecht hunn. Wat friessen d'Hénger, wéi kënnt d'Jippelchen aus dem Ee?...
Thema Ieselen
D'Kanner gi mat bäi d'Ieselen a si fidderen d'Ieselen a mëschten och de Stall mat aus. Wat brauch en iesel fir ze fridden ze sinn?...
Haffreegelen
Wéi verhalen ech mech um Haff fir weder mech nach en aneren a Gefor ze bréngen? Op wat muss ech oppassen, dass ech d'Déieren net erschrecken?...
Biohaff-Witry
Inhalte von Google Maps werden aufgrund deiner aktuellen Cookie-Einstellungen nicht angezeigt. Klicke auf “Zustimmen & anzeigen”, um zuzustimmen, dass die erforderlichen Daten an Google Maps weitergeleitet werden, und den Inhalt anzusehen. Mehr dazu erfährst du in unserer Datenschutz. Du kannst deine Zustimmung jederzeit widerrufen. Gehe dazu einfach in deine eigenen Cookie-Einstellungen.
Kontakt
[email protected]
Tel: +352 621 236 007
Adresse
Biohaff-Witry
an der Saueraarbecht 1
4974 Dippach
Ëffnungszäiten
Bio Self-Service 24/24h
Ferme pédagogique op RDV