Frësch Bio-Mëllech. Bio, fair a regional, direkt beim Produzent.
Mir garantéieren ganz frësch Bio-Mëllech direkt aus dem Tank.
100% frësch, vun der Kou op den Dësch.
Frësch Bio-Mëllech aus der Saueraarbecht vun Dippech, do wou Mëllech nach no Mëllech schmaacht!
Duurch bio Lëtzebuerg-Normen sti mir mat eisem Betrieb fir 100% natiirleche Geschmaach, ideal fir sou ze genéissen oder weiderzeverschaffen (Joghurt, Kéis,..).
100% GMO-fräit Fudder fir eis Kéi aus 100% eegenem Ubau.
100% Verzicht op chemisch a synthetisch Planzeschutz- a Düngemëttel op eise Felder.
Wëllkomm op eisem Bio-Haff!
Eise Betrib
Mir sinn e klenge Familienbetrib a Ferme pédagogique mat Mëllechvéi zu Dippech. Eisen Haff ass en Aussiedlerhaff. Zanter 2006 hu mir eisen Betrib op Bio ëmgestallt an schaffen zanterhier no den Bio-Normen, wéi se vu Bio-Lëtzebuerg och virgesi sinn.
Vill Spaass beim Entdecken a Kenneléiere vun eisem Biohaff.
Caroline a Pierre Witry-Massard
Verkaf um Haff
An eisem Bio Self-Service kënnt dir 24/24 Stonnen a 7/7 Deeg frësch Mëllech iwwert eis Mëllechtankstell, de MilKUHmat, kafen. An an eisem Frigo fannt dir d'Mëllechproduiten aus der BiOG-Molkerei, wou och eis Mëllech verschafft gëtt a Bio-Eeër vum Meyershaff vum Wandhaff.
Ferme pédagogique MUHlti-KUHlti
Mir bidden Aktivitéiten fir Schoulklassen un an och fir Erwuessener (Altersheimer).
Eis ass et wichteg, datt d'Kanner an och déi Grouss, sech erëm bewosst ginn, wou eis Liewensmëttel hierkommen an datt se Zougang zur Natur, zu den Déieren an zum Beruf Bauer kréien.
Bei eis kënnt dir dat mat allen Sënner erfahren a mir freeën eis, ech op eisem Haff begréissen ze kënnen.
Eis Bio-Mëllechtankstell
Eis Bio-Mëllechtankstell, de MilKUHmat, steet 24/24h a 7/7 Deeg fir iech bereed. 100% frësch Bio-Mëllech direkt vun der Kou op ären Dësch.
Verkaf um Haff
An eisem Bio-Self Service fannt dir och 24/24h a 7/7 Deeg d'Mëllechproduiten vun der BiOG-Molkerei vu Käerjeng, wou och eis Mëllech verschafft gëtt, sou wéi vill weider Produiten vun eiser Genossenschaft, der Biog (Kéis, Nuddelen, Saucen, Gebeess, Corn Flakes a Co...)
Eis Visioun
"Am respektvollem Aklang mat eiser Natur schaffen, an esou e bessert Liewe fir Mënsch an Déier schaafen."
Mir si vun 2006 un Member bei bio-Lëtzebuerg a setzen eis an fir eng nohalteg, déieren- an ëmweltfrëndlech Landwirtschaft.
Biohaff Witry
Inhalte von Google Maps werden aufgrund deiner aktuellen Cookie-Einstellungen nicht angezeigt. Klicke auf “Zustimmen & anzeigen”, um zuzustimmen, dass die erforderlichen Daten an Google Maps weitergeleitet werden, und den Inhalt anzusehen. Mehr dazu erfährst du in unserer Datenschutz. Du kannst deine Zustimmung jederzeit widerrufen. Gehe dazu einfach in deine eigenen Cookie-Einstellungen.
Kontakt
[email protected]
Tel: +352 621 236 007
Adress
Biohaff-Witry
an der Saueraarbecht 1
L-4974 Dippach
LU-BIO-05
Ëffnungszäiten
Bio-Self Servie 24/24H
Ferme pédagogique op RDV